Back

There are no available posts!

D’Lorenzkraaft entdecken mat der 2GIG

15/05/2024

D’Schüler vun eiser 2GIG hu sech zesumme mam Här Schmit d’Lorentzkraaft ugekuckt. Dat ass d’Kraaft, déi op Elektrone wierkt, wann se an der Géigend vun engem magnéitesche Feld sinn. Op der Foto gesäit een d’Elektronen als bloe Stral. LJBM – …

E flotte Concert vun de Solistes Européens

14/05/2024

Den 30.4. kruten all eis 7e-Schüler e ganz flotte Concert ze héieren! D’Madamm Anik Schwall, den Här Yanis Grisó an den Här König vun de « Solistes Européens Luxembourg » hu Stécker vum Ludwig van Beethoven, Claude Debussy, Robert Schumann …

Den LJBM um EdFest

13/05/2024

De 4. Mee war an de Rotonden déi 1. Ausgab vum EdFest, dem nationale Festival fir Schoulentwécklung. Dëst Event wëll virun allem nei Weeër an der pedagogescher Innovatioun opweisen – natierlech ware mir als LJBM hei och vertrueden, an dat …

Volle Programm am Naturstage

10/05/2024

Am Tirol koumen d’Schüler déi lescht Deeg an de Genoss vun der frëscher Biergloft an der idyllescher Natur bei hire Wanderungen an dofir war eng kill Erfrëschung am Lech beim Rafting ganz wëllkomm. Ënnerwee an den Alpe waren och Orpheus …

Seegelstage um Ijsselmeer

10/05/2024

Vum 28. Abrëll bis den 3. Mee ware 25 Schüler aus de Klasse 5P, 5AD, CIP a COP um Ijsselmeer an Holland ënnerwee am Kader vum alljärege Seegelstage, organiséiert vun der Voie de Préparation an dem Service socio-éducatif. Dëst Joer …

Diskutéieren iwwer Europa

10/05/2024

Eis 2e-Schüler haten d’Chance, mat 7 Kandidatinnen a Kandidaten fir d’Europaparlament iwwer europäesch Politik ze diskutéieren. No enger kuerzer Virstellung gouf et e « Speeddating », sou datt all Schüler a klenge Gruppe mat all Politiker an d’Gespréich komm ass.  

Zu Besuch bei Fësch Haff

08/05/2024

Eis Schüler vun der 2C-URBS hunn déi lescht Woch de Startup « Fësch Haff » besicht, déi éischt Aquaponie-Teststatioun zu Lëtzebuerg. Um Terrain hu si geléiert, wéi dësen nohaltege Prinzip fonctionéiert, dee Fëschzuucht an den Ubau vu Planze kombinéiert. D’Schüler konnten hei …

3 gutt Resultater op de LuxSkills

08/05/2024

Am nationalen Handwierker- a Beruffsconcours „LuxSkills“ sinn am Beräich Carrelage mam Valentin A. M. an dem Rostyslav K. aus der DC1CRF zwee Gewënner aus dem LJBM ervirgaang. Ee weidere jonken Handwierker aus där Klass, den Adam R., gouf och geéiert. …

Am Minett ënnerwee

08/05/2024

D’Schüler vun eise Klassen 3C-COMED an 3C-URBS hu sech virun 2 Wochen um Escher Gaalgebierg op d’Sich no Spueren zur geologescher Vergaangenheet vum Minett gemaach. Et war naass an elle kal, mee eis Schüler hunn duergehalen an dat Bescht draus …

Du trac au tac

07/05/2024

De 27.4. hunn 13 Schüler vun der 5C1 an der Finall vum Theaterconcours « Du trac au tac » matgemaach. Op der Bün vum Escher Theater hu si zesumme mat Schüler aus 4 anere Lycéeën dem Publikum kuerz Zeene virgespillt. …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade