Back

There are no available posts!

Ouschtereeër fir den Bazar

An och d’6P1 an d’6P2 hu flott Ouschtereeër fir eisen Ouschterbasar gebastelt. Sie ware Feier a Flam fir e flotten a kreative Bäitrag ze leeschten. Den Erléis ass fir d’Ukrain.

Gesond Ernärung am LJBM

Nodeems si sech mam Thema « Gesond Ernärung » auserneegesat hunn, hunn d’Schüler aus der 6P1 ee Brunch mat regionalen a saisonale Produite virbereet. Duerno hu si hir Kolleegen aus der 6P2 agelueden, fir gemeinsam z’iessen. Zesummen hu si e flotte Moment …

Echange mat engem « Ancien » vum LJBM

D’Schüler vun der 1TPGC2 haten e Freideg, 25. Mäerz, en interessanten Echange mam Felix, engem jonken Architekt. De Felix ass e fréiere Schüler vum LJBM aus der Sektioun « Génie Civil ». Hien huet dono Architektur studéiert an ass säit …

Solidaritéit mat der Ukrain

D’Schüler hu kleng ukrainesch Fändele verkaf fir unzespéngelen an esou d’Solidaritéit mat der Ukrain auszedrécken. Am Ganzen sinn esou 1450 Euro zesummekomm, déi un d’Caritas gespent ginn.      

Ouschterbasar am LJBM

Als Optakt fir eisen Ouschterbasar dëse Freideg, 1. Abrëll, zugonschte vun den ukrainesche Flüchtlingen, hunn d‘4C1, 4C2 a 4TPGC1 zesumme mam Schülercomité e Signal géint de Krich a fir de Fridden an der Ukrain gesat. E grousse Merci un eis …

ESC2021 – STATIC-TAC

Vun eiser 3CB hunn 2 Ekippen un der European Statistics Competition, organiséiert vum Statec deelgeholl. Déi zwou Ekippen si jeeweils 3. a 7. ënner 31 Equippen an hirer Altersklass ginn. D’Ekipp STA-TICTAC, déi aus dem Misael Ramos, dem Lea Beissel …

Volleyball LASEL-Championnat März 2022

Um LASEL-Championnat hunn dës Woch zwou Ekippen eise Lycée am Volleyball bei de Minimes vertrueden. Merci dem Victoria, Len, Tyléo an Alex, déi déi gutt 9. Plaz gemaach hunn, an dem Leila, Anida an Danis Gratulatioun fir déi éischte Plaz …

Chantier vun der Mamer Kläranlage 1TPGC2

D’Schüler vun der 1ère Génie Civil hunn de Freideg, 18. Mäerz, eng interessant Visitt vum Chantier vun der Mamer Kläranlage gemaach. Den Här Trompette an d’Mme Fey, Bauleiter vun der Firma Tralux, hunn hinnen dësen aussergewéinleche Chantier präsentéiert a vill …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade