Back
08 juin

Eng 1. an eng 2. Plaz an der Finall vum MaachMath

Eis zwou Klassen, déi den 13.6. un der Finall vum “MaachMath” deelgeholl hunn, hunn e weidert excellent Resultat erziilt. Mir felicitéieren der 6G1S fir hir 2. Plaz an der 5G1S fir hir1. Plaz! Bravo! Ganz houfereg hu si hire Präis …

08 juin

Soirée des Anciens et Amis

E Samschdegowend war eng weider lass am LJBM. D’Association des Anciens et Amis (Les Anciens et Amis du Lycée Josy Barthel Mamer) an d’Direktioun haten zesummen op eng Soirée invitéiert, a knapp 50 Ancienen, Frënn a Membere vum Personal haten …

08 juin

2 Championen am Cross-Triathlon

De 6. Juni hunn eng Partie Schüler aus dem LJBM mat vill Erfolleg zu Réiden um Championnat am Cross-Triathlon deelgeholl. Bei den affiliéierte Minimes ass de Maurice de 4. ginn, wärend de Felix sech säin éischte Championstitel erkämpfe konnt. Bei …

08 juin

Biotechnologien an Ekologie

Eis Schüler vun 2e a 1re, déi dëst Joer d’Optioun “Biotechnologien an Ekologie” ausgewielt hunn, hu bis ewell ganz vill verschidde Sujete méi genau ënnert d’Lupp geholl. Si hunn d’Minne vu Stolzebuerg erfuerscht, d’Geologie an d’Ekologie am Mëllerdall ënnersicht, d’Naturreservat …

08 juin

Learn & Work Days

Eis Schüler vun der 4GA3D2 hate grousse Spaass an hu vill geléiert am Kader vun de « Learn & Work Days” um IFSB zu Beetebuerg. D’Aktivitéite ware bezunn op d’Theeme « Construction et construction durable », « Engins mécanisés », « …

08 juin

Innovatiounen am Bauen

Am Kader vun eiser flotter Zesummenaarbecht mat der Matériauthèque matériaux.archi Campus krut eise Lycée net nëmme seng Ausstellung nees mat flotte Panneauen aktualiséiert an ergänzt, mee zwou Klassen hunn ebenfalls un interessante Konferenzen deelgeholl. D’2GA3D huet eng ganz innovativ Wärmedämmung, …

08 juin

2. Präis beim Prix Henri Kugener

An nach e Präis fir den LJBM beim Prix Henri Kugener! An der dësjäreger Editioun vum dësem Concours, dee vun der ALPLG (Association luxembourgeoise des professeurs de latin et de grec) organiséiert gëtt, hunn d’Gioia, de Chris, de Fränk an …

08 juin

2 Klassen an der Finall vum « Maach Math »

Och dëst Joer hu verschidde Klassen aus dem LJBM um “Maach Math” deelgeholl. Dëst ass ee Wettbewerb, bei deem déi jeeweileg Klass eng Rei mathematesch Aufgabe gestallt kritt, déi d’Schüler da komplett eleng léise sollen. Dobäi mussen d’Schüler souwuel d’Opdeelung …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade