2 Championen am Cross-Triathlon

Publié le 12/06/2024

De 6. Juni hunn eng Partie Schüler aus dem LJBM mat vill Erfolleg zu Réiden um Championnat am Cross-Triathlon deelgeholl. Bei den affiliéierte Minimes ass de Maurice de 4. ginn, wärend de Felix sech säin éischte Championstitel erkämpfe konnt. Bei den net-lizenzéierte Juniors/Seniors sinn de Louis als 5. an de Zsombor als 7. iwwert d’Arrivée gelaf. Säin Titel eng weider Kéier mat enger komfortaabler Avance verdeedegt huet den David bei de Juniors/Seniors mat Lizenz. An dëser Course huet de Jakub als 4. de Podium knapp verpasst. E Bravo un alleguer eis Sportler fir dës super Leeschtungen! All d’Detailer wéi ëmmer ënner www.lasel.lu.