Soirée des Anciens et Amis

Publié le 19/06/2024

E Samschdegowend war eng weider lass am LJBM. D’Association des Anciens et Amis (Les Anciens et Amis du Lycée Josy Barthel Mamer) an d’Direktioun haten zesummen op eng Soirée invitéiert, a knapp 50 Ancienen, Frënn a Membere vum Personal haten de Wee an de Festsall ageschloen, trotz Fête de la musique an Europameeschterschaft.
No engem Accueil duerch den Här Christnach huet den Här Felix Mores, President vun der AAALJBM, d’Wuert ergraff, déi lescht 20 Joer Revue passéiere gelooss an d’Aktivitéite vun der AAALJBM virgestallt. Duerno goufe bei engem gudde Patt an deem engen oder anere Maufel al Bekanntschaften erëm opliewe gelooss an nei Kontakter geknäppt. Déi eng oder aner Zeen aus der Vergaangenheet koum och erëm un d’Liicht, an zu de Kläng vum FunkmasterJ senger Musek hunn all d’Leit e flotten a gesellegen Owend verbruecht.
Dir sidd nach net Member an der AAALJBM? Schreift Iech an – eis Anciene freeë sech iwwert Är Ënnerstëtzung!

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.