2 Klassen an der Finall vum « Maach Math »

Publié le 08/06/2024

Och dëst Joer hu verschidde Klassen aus dem LJBM um “Maach Math” deelgeholl. Dëst ass ee Wettbewerb, bei deem déi jeeweileg Klass eng Rei mathematesch Aufgabe gestallt kritt, déi d’Schüler da komplett eleng léise sollen. Dobäi mussen d’Schüler souwuel d’Opdeelung a Gruppen an d’Organisatioun ewéi och déi eigentlech Léisung vun de Problemer iwwerhuelen. 2 Klassen aus eisem Lycée (d’6G1S an d’5G1S, 2 vun eise Scientifique-Klassen) hu sech fir d’Finall qualifizéiert, dat heescht, si waren ënnert deenen 3 beschte Klassen aus dem Land an hirer Kategorie. Dës Finall fënnt nächsten Donneschden, den 13. Juni, um Geesseknäppche statt. Mir wënschen hinne vill Gléck an drécken natierlech ganz fest d’Daumen!

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.