Back
Showing 71-80 of 177 results

Diskutéieren iwwer Europa

10/05/2024

Eis 2e-Schüler haten d’Chance, mat 7 Kandidatinnen a Kandidaten fir d’Europaparlament iwwer europäesch Politik ze diskutéieren. No enger kuerzer Virstellung gouf et e « Speeddating », sou datt all Schüler a klenge Gruppe mat all Politiker an d’Gespréich komm ass.  

Zu Besuch bei Fësch Haff

08/05/2024

Eis Schüler vun der 2C-URBS hunn déi lescht Woch de Startup « Fësch Haff » besicht, déi éischt Aquaponie-Teststatioun zu Lëtzebuerg. Um Terrain hu si geléiert, wéi dësen nohaltege Prinzip fonctionéiert, dee Fëschzuucht an den Ubau vu Planze kombinéiert. D’Schüler konnten hei …

3 gutt Resultater op de LuxSkills

08/05/2024

Am nationalen Handwierker- a Beruffsconcours „LuxSkills“ sinn am Beräich Carrelage mam Valentin A. M. an dem Rostyslav K. aus der DC1CRF zwee Gewënner aus dem LJBM ervirgaang. Ee weidere jonken Handwierker aus där Klass, den Adam R., gouf och geéiert. …

Am Minett ënnerwee

08/05/2024

D’Schüler vun eise Klassen 3C-COMED an 3C-URBS hu sech virun 2 Wochen um Escher Gaalgebierg op d’Sich no Spueren zur geologescher Vergaangenheet vum Minett gemaach. Et war naass an elle kal, mee eis Schüler hunn duergehalen an dat Bescht draus …

Du trac au tac

07/05/2024

De 27.4. hunn 13 Schüler vun der 5C1 an der Finall vum Theaterconcours « Du trac au tac » matgemaach. Op der Bün vum Escher Theater hu si zesumme mat Schüler aus 4 anere Lycéeën dem Publikum kuerz Zeene virgespillt. …

Vu Kelten a Réimer

07/05/2024

Eis 6C-Klassen haten Enn Mäerz d’Geleeënheet, en interessanten Dag bei de « Georges Kayser Altertumsfuerscher » ze verbréngen. An hirem Musée zu Nouspelt kruten d’Schüler fir d’éischt en informativen Androck iwwert d’Aarbecht vun engem Archeolog an duerno sinn se op eng Zäitrees …

Naturstage zu Holzgau

07/05/2024

Eis Schüler vun den 3e-Klasse vun de Sektiounen C-COMED, C-URBS, GIG a GPS sinn och dëst Joer zu Holzgau am Lechtal, fir d’Natur z’erkunden, ze wanderen an eng flott Zäit z’erliewen. Lassgaang ass et bei guddem Wieder mat enger Ganzdagswanderung …

Konscht am Schoulhaff

06/05/2024

An engem flotte Projet hunn d’Schüler aus eiser Voie de préparation d’Mauere vun eisem Lycée verschéinert, dëst ënnert der Leedung vun de Kënschtler Daniel Mac Lloyd a Raphael Gindt aus dem « Kamellebuttek ». Ënnert deene villen impressionante Biller ass och ee …

Portes Ouvertes 2024

30/04/2024

Eis Portes ouvertes 2024 sinn eriwwer. Freiden den 26 Abrëll an Samschden den 27 Abrëll konnt een net nëmmen déi hei puer Zeene bei eis erliewen, mee et konnt ee sech nach ganz vill aner spannend Ablécker an Andréck verschafen. …

YEP!-Schoulfoire

30/04/2024

D’YEP!-Schoulfoire ass eriwwer. Dofir nach eng lescht symbolesch Foto. Nach vill méi impressionnant wéi dës grouss Maschinn war den Asaz vun eise Schüler, eisen Enseignanten, eisem technesche Personal, eiser Administratioun an och der Direktioun an de leschten Deeg. Si all …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade