Back
Showing 51-60 of 67 results

Pädagogesche Rallye

Zesumme mat hire Professeren Tania Simon (Biologie) an Eric Schweicher (Englesch) huet d’10PS1 e pädagogesche Rallye vu Miersch op Huelmes gemaach, wou et ënnert anerem em d’Liewen am Bësch an ökologescher Hisiicht goung. Klickt op d’Bild fir weider Fotoen!

Optioun ‘Theater’

Eis 3e-Schüler vun der Optioun “Theater” sinn amgaangen, ënnert der Leedung vun hire Sproocheprofesseren Françoise Christnach a Jessy Medinger, en zäitgenössescht Theaterstéck anzeüben.

Virstellung vum BTS & Visite vum OAI

De 17. Dezember 2012 kruten eis Schüler vun der Sektioun “Génie civil” verschidde BTS-Formatiounen (Brevet de Technicien Supérieur) virgestallt. Ausserdem ware Vertrieder vum OAI (“Ordre des architectes et ingénieurs-conseils”) op Besuch, fir mat hinnen am Bezuch op Beruffsméiglechkeeten an d’Gespréich …

Visite beim ‘Syndicat des eaux du Sud’

De 14. Januar 2013 huet d’T1GC4 mat hirem Régent Christian Cornette de “Syndicat des Eaux du Sud” zu Käerch besicht an sech erkläere gelooss, wéi d’Drénkwaasser gewonne gëtt a wéi et an d’Basénge vun deenen entspriechende Gemenge kënnt.

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade