Comeniusprojet ‘Schools on the mov(i)e’

Publié le 25/04/2013

Vum 16. bis den 20. Abrëll war zu Eeklo an der Belsch een europäescht Treffen am Kader vum aktuelle Comeniusprojet vum LJBM. Fir de Mamer Lycée waren d’Lily Palgen (5e), de Cedric Kass (11eTG) an de Pit Klepper (11eTG) zu Eeklo. Mat hinne waren och nach Schüler aus Spuenien, Polen, Zypern an Dänemark derbäi. Um Programm stounge Visiten zu Gent an zu Bruges, an eng ganz Rei Aktivitéite ronderem d’Thema “Film”. Dëst war de sechsten a leschte Meeting am Kader vun dësem Projet, bei dem den LJBM während deene leschten zwee Joer mat senge fënnef Partnerschoule matgemaach huet, a bei deem eng ganz Rei Schüler vu Mamer vill nei Erfahrunge gemaach hunn an nei Kollege queesch duerch Europa kennegeléiert hunn.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes