LJBM GOES MÉRITE JEUNESSE

Publié le 02/07/2017

Den 8. November ass de Mérite Jeunesse dann och elo offiziell am LJBM ugelaf. Un dësem internationale Programm hu schonn iwwer 8 Millioune Jonker aus 140 verschiddene Länner deel geholl. Ziel vum Mérite ass et, Jonker tëschent 14 a 24 Joer ze encouragéieren, sech an der Gesellschaft ze engagéieren, perséinlech Talenter ze entdecken an ze fërderen, nei Erfahrungen ze maachen an hiren Horizont esou ze erweideren. Ob Bronze, Sëlwer oder Gold, déi Jonk kënnen sech hire Parcours ganz individuell gestalten, an deem si hir Ausdauer, Motivatioun an hiert Engagement an ënnerschiddleche Beräicher op d’Prouf stellen. Weider Informatioune fannt Dir op:
http://merite.jeunesse.lu

Michel PUNDEL, Directeur adjoint du Lycée Josy Barthel de Mamer et Astrid DE LEEUW, secrétaire générale du Mérite Jeunesse Luxembourg – 11/2016
Luxemburger Wort du 16/11/2016

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes