‘LETTERS FROM LUXEMBOURG’

Publié le 02/07/2017

Den 28. Juni waren d’Schüler vun der 2C d’Theaterstéck “Letters from Luxembourg” an de Carré op Hollerech kucken. D’Stéck stoung ënnert der Regie vum Sylvia Camarda a vum Serge Tonnar an et huet sech mam Thema Flüchtlingsintegratioun zu Lëtzebuerg beschäftegt. Op Basis vu reéllen an imaginaire Bréiwer, déi Flüchtlingen hiren Famillen, Partner a Kanner geschriwwen hunn, hunn Acteuren an Amateurschauspiller (ë. a. Flüchtlingen) e sensationellt Spektakel vu Gesang, Schauspill an Danz ofgeliwwert. D’Schüler ware begleet vun hirer Engleschproff, der Madame Giampaolo Viviana. Viviana GIAMPAOLO – 06/2017 article LW du 07/07/2017