JOURNÉES DU PATRIMOINE 2016

Publié le 02/07/2017

Am Kader vun den Journées du Patrimoine 2016 kruten d’Schüler vun der T3GC3 d’Geleegenheet, fir um Vernissage vun der Ausstellung « Denkmalschutz und Barrierefreiheit » an un der uschléissender Konferenz « Denkmal im Design for All » deelzehuelen. Dës Wanderausstellung ass konzipéiert ginn vun der TU Berlin am Atelier vum Professer Burkhard Lüdtke (modellunddesign.de). Studenten hu Virschléi (Zeechnungen a Modeller) entwéckelt, fir Berliner Baudenkmäler barrierefrei ze maachen. Mir soen dem Team vun der TU Berlin (Burkhard Lüdkte, Annette Müller, Robert Niemann an Dimitri Bohl) an der Madame Ingeborg Stude vun der « Senatsverwaltung für Stadtentwicklung und Umwelt Berlin / Koordinierungsstelle Barrierefreies Bauen » ee grousse Merci fir d’Präsentatioun an d’Erklärungen vun deenen exemplareschen Virschléi vun enger barrierefreier Gestaltung fir historesch Gebeier un ons interesséiert Schüler. Mir hunn vun de Berliner vill bäigeléiert.
André Wildschutz – 11/2016

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes