dayCARE

Publié le 28/09/2023

En Dënschdeg, de 26. September, hat den LJBM den Här Haupert, Direkter vu CARE Lëtzebuerg, op Besuch. Den Här Haupert huet d’Hëllefsorganisatioun virgestallt an iwwert déi vill Projeten informéiert, déi vun CARE an d’Liewe geruff gi sinn. Esou huet d’Organisatioun beispillsweis Familljen nom Krich an der Ukrain an no den Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien mat Liewensmëttel, Hygiènesartikelen a psychescher Ënnerstëtzung gehollef. An engem 2. Deel huet den Här Haupert d’Schüler vun den 3e Klasse motivéiert, um dayCARE deelzehuelen. Dës Initiativ erméiglecht et de Schüler, en Abléck vun engem Dag an eng Entreprise vun hirem Choix ze kréien. Op dësem Wee kënnen déi Jonk sech eng Iddi vun enger spezifescher Entreprise oder engem Beruff, deen si intresséiert, maachen an Erfarungen an der Beruffswelt sammelen. D’Entreprisen, an deenen d’Schüler sech fräiwëlleg engagéieren, maachen als Géigeleeschtung en Don u CARE. Den Här Haupert huet der Madamm Alegria an der ganzer Ekipp aus der Cellule d’orientation Merci fir d’Ënnerstëtzung gesot.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes