Zwee Championen am Mountainbike

Publié le 24/06/2024

Den 13. Juni hunn 9 Schüler aus dem LJBM mat vill Erfolleg zu Mamer um Championnat am Mountainbike deelgeholl. Bei den net-affiliéierte Minimes ass den Thomas ënnert 11 Starter de 5. ginn, wärend de Jim sech säin 1. Championstitel erkämpfe konnt. Bei de lizenzéierte Cadets ass de Pit-Paul deen 2. ginn, wärend den Thibault et bei de Cadets ouni Lizenz nach besser gemaach huet, a sech ënnert 6 Starter de Championstitel geséchert huet. Bei den net-lizenzéierte Juniors/Seniors hunn eis 5 Schüler vun der Optioun Sport de Gros vum Starterfeld gestallt. Den Aymeric, de Lucas, den Tom an de Lino hunn d’Plazen 2 bis 5 beluecht, wärend de Kilian, deen eigentlech den 2. war, net iwwert déi richteg Zillinn gefuer ass, an dowéinst net klasséiert gouf.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes