Zu Besuch bei WEO

Publié le 17/05/2024

Den 13.5. war d’1C-URBS d’Entreprise WEO (www.weo-water.com) an der Stad besichen. D’Schüler kruten en detailléierten Abléck an d’Approche vu WEO, an esou och eng liewensno an aktuell Applikatioun vu Geoinformatiounssystemer: D’Kärgeschäft vu WEO besteet nämlech dodran, ëffentlech verfügbar Satellitten-Date mat Hëllef vu “Machine Learning” zu accessibele Kaarten ze verschaffen. Dës Kaarten illustréieren, wat fir Impakter de Klimawandel z. B. op den Territoire vun enger Gemeng huet: Wou staut sech am Summer d’Hëtzt? Wou gëtt et en Héichwaasserrisiko bei Starkreen? Sou kann dës Gemeng cibléiert Mesuren ëmsetzen, fir sech un de Klimawandel unzepassen.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes