Zu Besuch bei WEO

Publié le 17/05/2024

Den 13.5. war d’1C-URBS d’Entreprise WEO (www.weo-water.com) an der Stad besichen. D’Schüler kruten en detailléierten Abléck an d’Approche vu WEO, an esou och eng liewensno an aktuell Applikatioun vu Geoinformatiounssystemer: D’Kärgeschäft vu WEO besteet nämlech dodran, ëffentlech verfügbar Satellitten-Date mat Hëllef vu « Machine Learning » zu accessibele Kaarten ze verschaffen. Dës Kaarten illustréieren, wat fir Impakter de Klimawandel z. B. op den Territoire vun enger Gemeng huet: Wou staut sech am Summer d’Hëtzt? Wou gëtt et en Héichwaasserrisiko bei Starkreen? Sou kann dës Gemeng cibléiert Mesuren ëmsetzen, fir sech un de Klimawandel unzepassen.

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.