Zu Besuch bei RTL

Publié le 01/07/2024

De 14. Juni sinn d’Schüler vun der 3C-COMED an 3C-URBS bei RTL um Kierchbierg op Besuch gewiescht. D’Visitt huet mat de Radiostudioen ugefaangen. Eis Schüler hate souguer alleguer d’Chance, an der Live-Radiosendung dobäi ze sinn an haart “Moien” ze jäizen. Dat gouf da live iwwerdroen, um Radio wéi och op der Live Webcam vun RTL. Eis Schüler hunn och de Charel vun der “Eldoradio Morning Show” begéint. Duerno hu si d’Fernsehstudioe besicht a ware faszinéiert vun den Installatiounen. Eis Schüler hu ganz vill interessant Froe gestallt a sinn all begeeschtert erëmkomm!

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes