Zu Besuch bei RTL
Publié le 01/07/2024De 14. Juni sinn d’Schüler vun der 3C-COMED an 3C-URBS bei RTL um Kierchbierg op Besuch gewiescht. D’Visitt huet mat de Radiostudioen ugefaangen. Eis Schüler hate souguer alleguer d’Chance, an der Live-Radiosendung dobäi ze sinn an haart « Moien » ze jäizen. Dat gouf da live iwwerdroen, um Radio wéi och op der Live Webcam vun RTL. Eis Schüler hunn och de Charel vun der « Eldoradio Morning Show » begéint. Duerno hu si d’Fernsehstudioe besicht a ware faszinéiert vun den Installatiounen. Eis Schüler hu ganz vill interessant Froe gestallt a sinn all begeeschtert erëmkomm!






