Back
21 mai

Teambuilding am Mariendall

Eis Klasse 7C1 a 7C2 waren zesummen am Mariendall fir eng Teambuilding-Aktivitéit. Egal op um Tandem, beim Klammen oder bei aneren Challengen – iwwerall hunn eis Schüler Kooperatioun an Teamgeescht bewisen.  

21 mai

Battle Bot Competition op der Maker Faire

Eis Proffen aus dem Makerspace hunn un der Maker Faire Luxembourg zu Rouspert deelgeholl. Do hu si och mat engem eegene Roboter an der Battle Bot Competitioun (Antweight, 150 g, just Plastik) matgemaach. Obwuel eis Ekipp just eng Këscht als …

21 mai

Vum Escape Room an den Naturmusée

D’Schüler vun der eiser 3CB hunn zesumme mat hirer Physik- an hirem Chimiesproff logescht Denken an Teamgeescht bewisen, andeem si d’Aufgaben an engem Escape Room souverän geléist hunn. No engem spaassege Moie goung et du weider an de Naturmusée, wou …

21 mai

Kinematik an der Praxis

E Cours an der Physik, dee wäit méi « aktiv » war, wéi dat soss de Fall ass. D’Schüler vun der 3GPS2 hunn am Kader vun dem Kapitel Kinematik verschidde Forme vu Beweegungen duergestallt. Zréck am Klassesall goufen d’Videoe mat enger App …

21 mai

Zwësche Wattwuerm, Austerefëscher a Sanddorn

Eis naturwëssenschaftlech Klassen 2CC, 3CC a 4G3S haten am Kader vun engem Stage écologique eng onvergiesslech Woch op der Nordseeinsel Borkum! Borkum, bekannt fir seng eenzegaarteg Ekosystemer wéi Salzwisen, Dünen an d’UNESCO- Weltnaturierfschaft Wattemier, huet eise Schüler d’Geleeënheet gebueden, d’Biodiversitéit …

21 mai

Summa cum laude!

Vum 8. bis den 13. Mee konnt de Bryan A., Schüler vun der 2CLC, um renomméierten Iwwersetzungsconcours Certamen Ciceronianum Arpinas zu Arpino an Italien deelhuelen. No enger Qualifikatiounsronn am Januar huet de Bryan Lëtzebuerg bei dësem Event an Italien representéiert, …

21 mai

Ausfluch op Stroossbuerg

Eis Schüler vun der 6G1S, 5G1S an der 4GIG waren 2 Deeg zu Stroossbuerg ënnerwee. Si hunn den 1. Dag en Tour duerch d’Stad gemaach, waren an der « Petite France », hunn den Tuerm vun der Kathedral erklomm an duerno am …

21 mai

Premièresexamen

Haut hunn déi schrëftlech Prüfunge vum Premièresexamen ugefaang. Mir wënsche jidderengem vill Erfolleg an drécke ganz fest d’Daumen! Mir gleewen un iech – dir packt dat do och nach!

21 mai

Don un d’Fondation Cancer

De leschten Donneschdeg koum d’Madamm Heirendt, Directrice vun der Fondation Cancer Luxembourg, bei eis an de Lycée, fir e Scheck vun 3000 Euro entgéintzehuelen, dee vun der Asbl vum Lycée Josy Barthel gespent gouf. Dës schéin Zomm ass en Deel …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade