De leschten Donneschdeg war och LASEL-Championnat am Handball. Bei den net-lizenséierte Spiller war eng Ekipp vun eise Jongen am Asaz an huet um Enn eng excellente 4. Plaz beluegt.
Den 18. Januar huet och am Mamer Lycée déi 1. Ronn vun der Mathésolympiad (“olympiade mathématique belge”) stattfonnt. 60 Schüler aus dem LJBM, vu 7e bis 1ère, hu matgemaach. An 3 Kategorien hu si versicht an 90 Minutten e Maximum …
De Yannis Lang, e Schüler aus der 5C2 aus dem LJBM, ass beim nationale Cyclocross-Championnat, deen ënner schwierege Konditiounen am Park vum LJBM stattfonnt huet, an der Kategorie Débutants op déi 1. Plaz gefuer. Mir freeën eis mat him a …
E Mëttwoch, den 18.01., kruten d’Schüler aus onsen 2e- a 1re-Klassen zesumme mat hiren Elteren déi verschidde Studiegäng presentéiert. Mir soen dem Här Mazzi vum Héichschoulministère an der Madamm Daniel vum Institut français du Luxembourg villmools Merci fir déi vill …
De Max Kinn, Schüler op 7C bei eis, ass um Lëtzebuerger Ski-Championnat zu Adelboden Champion de Luxembourg a senger Alterskategorie ginn. Mir gratuléieren dem Max fir seng topp Leeschtung!
Fir d’Schüler vun der 2C huet dat zweet Trimester mat engem flotten Theaterbesuch ugefaangen. D’Stéck „Les Misérables“ vum Victor Hugo gouf am Théâtre National du Luxembourg gespillt. D’Actrice Isabelle Bonillo huet et fäerdeg bruecht, d‘Publikum mat an d’Welt vun den …
D’CIP-Klass huet dëse Mëttwoch ronderëm d’Theema “Frühstück” geschafft: Eng Morning Bowl mat selwergemaachtem Granola a Waffele mat Vanill!
D’Schüler vun der 5G1S hu fréi am Schouljoer hire Wonsch geäussert, e soziale Projet op d’Been ze setzen, fir eppes Guddes un d’Gesellschaft zréckzeginn. Hire Choix ass op d’Asbl Street Angels gefall, déi de Léit, déi op der Strooss liewen, …
D’7G4 huet de 16.12.2022 am Kader vun de Sciences sociales a bei äisegen Temperaturen en Ausfluch an d’Stad gemaach. Gestart sinn d’Schüler moies mat engem Rallye, bei deem si sech hu missten op d’Landkaart an de Kompass verloossen. A Gruppen …
Als kleng Belounung um Schluss vum 1. Trimester sinn all d’7C-, d’6C-Klassen an d’6G4 de leschte Schouldag, 20.12.22, op de Kierchbierg an de Kino gefuer, fir de Film « Avalonia, un étrange voyage (Strange World) » zesummen ze kucken.