Theatervisitt: Les Misérables vum Victor Hugo am TNL

Publié le 19/01/2023

Fir d’Schüler vun der 2C huet dat zweet Trimester mat engem flotten Theaterbesuch ugefaangen. D’Stéck „Les Misérables“ vum Victor Hugo gouf am Théâtre National du Luxembourg gespillt.

D’Actrice Isabelle Bonillo huet et fäerdeg bruecht, d‘Publikum mat an d’Welt vun den aarme Leit vum 19. Joerhonnert ze huelen, andeems si d’Geschicht vum Jean Valjean mat Hëllef vun de Spectateuren, déi eenzel Personnagen gespillt hunn, erzielt huet.

Dëst interaktiivt Schauspill koum ganz gutt un bei de Schüler, déi gesinn hunn, dass Theater ganz flott a lieweg si kann.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes