Et ass geschnidden, geschnëtzt, gefrääst a geléit ginn, bis dass no e puer Stonnen d’Schüler aus dem Makerspace hier Kürbisse prett fir Halloween haten! Ënnerstëtzung krute si vun de Schüler aus dem Arduino-Workshop. Hei ass en Arduino-Mikrokontroller esou programméiert ginn, …
An der Optioun Life Science hunn d’Schüler vun der 2CC eng Sortie an d’Natur gemaach. Een Deel vum Wee gouf mam Tandem zréckgeluecht fir bei verschidde Quellen ze kommen (natierlech Quellen, gefassten Quellen souwéi puits artésiens) an och, fir d’Méandres …
Mir felicitéieren all eise BTS-Studenten fir hir ausgezeechent Resultater. Op der Diplomiwwerreechung de leschte Freideg kruten déi bescht Studenten zousätzlech zum Diplom nach en iPad (gestëft vum OAI) an e Chèque (gestëft vun der Chambre des Salariés an der Chambre …
Eisen nei ageriichte Makerspace ass nach net ganz fäerdeg, mee eis Schüler vun der 6eG scientifique hu schonn hir éischt Schrëtt an der Robotik gemaach a mat grousser Begeeschterung hir mBots configuréiert.
Dës Woch waren e puer Schüler vun der 2ème an der 1ère GA3D vum Mamer Lycée op der éischter KlimaExpo an der Luxexpo. Si hunn dem Virtrag vun Eurosolar, gehale vum President Paul Zens, interesséiert nogelauschtert a vill wëssenswäert Elementer …
D’Schüler vun de Klassen 1TPGC1 an 2GA3D1 waren op enger interessanter Visitt vun engem vun de gréissten RÜB (Regenüberlaufbecken) oder bassin d’orage aus dem Land. Dëst ënnerierdescht Entlaaschtungsbauwierk huet ee Volumen vun 1800 m3 a gëtt am Mëschwaasserkanal gebraucht, fir …
All eis 7es Schüler aus dem Enseignement secondaire général huelen am Oktober zesumme mat hirer Klass un enger Outdoor Teambuilding Aktivitéit mat Iwwernuechtung zu Huelmes Deel. Als éischt war 7G2 ënnerwee, hei e puer Impressiounen.
Hei e flotte Video iwwert déi interessant Offer u Sportsektiounen, déi dëst Schouljoer am LJBM ugebuede ginn.
Dëse Weekend war déi éischt Expeditioun fir de Mérite Jeunesse vum LJBM. Mir sinn e Freideg beim Lycée a Richtung Simmerschmelz gestart. Hei hu mir déi éischt Nuecht verbruecht. Vun do aus ass et iwwer d’Ansembourger Schlass weider an d’Fiels …