Et ass geschnidden, geschnëtzt, gefrääst a geléit ginn, bis dass no e puer Stonnen d’Schüler aus dem Makerspace hier Kürbisse prett fir Halloween haten! Ënnerstëtzung krute si vun de Schüler aus dem Arduino-Workshop. Hei ass en Arduino-Mikrokontroller esou programméiert ginn, dass LEDen an den Aen uginn, wann eng Persoun laanschtgeet.