Visitt beim SIDEN

Publié le 11/10/2021

D’Schüler vun de Klassen 1TPGC1 an 2GA3D1 waren op enger interessanter Visitt vun engem vun de gréissten RÜB (Regenüberlaufbecken) oder bassin d’orage aus dem Land. Dëst ënnerierdescht Entlaaschtungsbauwierk huet ee Volumen vun 1800 m3 a gëtt am Mëschwaasserkanal gebraucht, fir dass bei vill Reen deen éischte grousse Stouss Schmotzwaasser gesammelt gi kann. Spéider, wann et net méi reent an nees Capacitéite fräi sinn, gëtt dëst Waasser an d’Kläranlag gepompelt, wou et gerengegt gëtt an duerno propper an d’Bach fléisse kann. Dëst Bauwierk dréit weesentlech dozou bäi, dass eis Ëmwelt geschount gëtt an d’Waasserleef méi propper ginn. Zousätzlich sinn hei och Pompelen ënnerbruecht, fir d’Stad Ettelbréck virun Héichwaasser ze schützen. Mir soen de Vertrieder vum SIDEN villmools Merci fir déi flott Visitt an déi vill interessant Erklärungen.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes