Back
Showing 11-20 of 63 results

Theaterowend 2014

Den 31. Mäerz 2014 hunn d’Schüler vun eise verschiddenen Theater-Optiounen Theater gespillt, ënnert der Leedung vun de Professeren Françoise Christnach a Véronique Prim. Fir de musikaleschen Encadrement huet d’LJBM-Band ënnert der Direktioun vum Nadine Becker gesuergt. D’Fotoe gëtt et hei:

Léiere liicht gemaach – Tipps an Tricks fir Elteren

No den Eltereversammlunge vun de 7en huet duerfir d’Mme Manuelle Waldbillig-Schank (fräischaffend Pädagogin, systemesch Psychotherapeutin a Legasthenie-Trainerin) e Virtrag gehalen zum Thema « Léiere méi liicht gemaach – Tipps an Tricks fir Elteren ». Hir informativ Slide-Show kann een sech hei eroflueden:

LJBM-Schülerparty

Fir d’Feierlechkeete vun « 10 Joer Mamer Lycée » ofzeschléissen hate mir eis eppes ganz Besonnesches afale gelooss: Eng grouss Schülerparty an eiser Schoul. Ronn 300 Schüler waren do, et gouf bis Mëtternuecht gedanzt a sech ameséiert, selbstverständlech ouni Alkohol. Natierlech duerft …

Op Besuch bei Air Rescue

Am Kader vun engem Sensibiliséierungsprojet waren d’Schüler vun der EDIFF-Klass mat der Madame Joëlle Jungbluth an der Madame Jackie Wagner den 31. Mäerz op Besuch bei Luxembourg Air Rescue.

Ausstellung vum LJBM an der Belle-Etoile

En Donneschdeg, de 26.09. war de Vernissage vun der Ausstellung vum Mamer Lycée zum Thema vum neie Projet d’établissement « Look who’s reading ». Dir kënnt d’Ausstellung nach bis de 5. Oktober kucke goen. Mir invitéieren och op déi divers Aktivitéiten, déi …

Bike-Tour vun der 10TG1

D’Schüler vun der 10TG1 hunn um Enn vum zweeten Trimester zesumme mat de Sportsproffen Nathalie Lamborelle a Christian Weber e Mountainbike-Tour organiséiert, bei deem et während 12 km duerch d’Mamer Bëscher goung. Klickt op d’Foto, fir all d’Fotoen ze gesinn!

Projet COMENIUS: ‘School against racism’

Den LJBM mécht déi nächst zwee Joer bei engem neie Comenius-Projet mat, zesumme mat Partnerschoulen aus der Belsch, Spuenien, Polen an Däitschland. Dat éischt Treffen am Kader vun dësem Projet war vum 14. bis den 19. Oktober zu Baza a …

EUSO 2014 zu Athen

Lëtzebuerg, repräsentéiert vun de sechs Finaliste vun der Lëtzebuerger Naturwëssenschafts-Olympiad (dorënner d’Daphne Prosser aus dem LJBM), huet sech op der EUSO (European Union Science Olympiade) zu Athen gutt geschloen: Eis Schüler kruten eng Sëlwer- an eng Bronzemedaill an hu Länner …

Bénévolat à Bonnievale en Afrique

Après avoir obtenu son diplôme de fin d’études secondaires classiques, notre élève Jerry Hilgert (à droite sur la photo) vient d’effectuer, avec d’autres jeunes de l’Athénée de Luxembourg, un bénévolat prolongé en Afrique. Lisez ici le rapport rédigé par Jerry …

  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade