Visite vun der 01BA1 op ‘Dräi Eechelen’

Publié le 11/05/2014

D’Plätterchersleeër vum zweeten Ausbildungsjoer (01BA1) waren am Kader vun der fënnefter Editioun vun der Woch “Expérience musée” op Besuch op “Dräi Eechelen”. En exzellente Guide huet et verstanen, d’Geschicht vun deemols nees lieweg ginn ze loossen. D’Konscht vum Festungsbau, d’Waffentechnik an d’Planung vun den Ofwieranlagen mat genauen Handzeechnungen hunn d’Schüler begeeschtert, an eng filmesch Zäitrees huet si an déi fréier Zäiten andauche gelooss. No engem erfollegräiche “projet intégré intermédiaire” war dëst e flotten Ofschloss vun dëser Unterrechtseenheet.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes