Schüler vu ‘Génie civil’ zu Hamburg

Publié le 11/05/2014

Am zweete Semester vum Schouljoer 2013-2014 hu véier Schüler vun der Klass T2GC1 (Génie civil) während véier Woche via eis Partnerschoul “G19” zu Hamburg e Stage bei verschiddenen Ingenieursbüroen zu Hamburg gemaach. Des Stagen sinn erméiglecht ginn am Kader vun der Bedeelegung vum LJBM um Projet “Leonardo da Vinci” vun der europäescher Kommissioun. De Chrëscht Cornette, Professer fir Génie civil am Mamer Lycée, huet d’Schüler besicht, an der Schoul an an de Büroen, a war begeeschtert vun der Betreiung vun de Schüler a vun deem, wat si geleescht hunn. De Mamer Lycée ass ganz frou iwert dësen Échange an hofft op eng weider gutt Zesummenaarbecht, well et ass fir d’Schüler eng eemoleg Erfahrung, am Kader vun hirer Ausbildung esou ee Stage am Ausland kënnen ze maachen.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes