Siwe Schüler aus dem LJBM hu matgemaach beim Theaterconcours, dee vum CarréRotondes organiséiert ginn ass. Si all hunn eng exzellent Leeschtung bruecht a vill bäigeléiert. De Glenn Kaufmann a Valère Gaube (3e G) si vu 14 Equipen ënnert deene 4 …
Am Kader vun engem Sensibiliséierungsprojet waren d’Schüler vun der EDIFF-Klass mat der Madame Joëlle Jungbluth an der Madame Jackie Wagner den 31. Mäerz op Besuch bei Luxembourg Air Rescue.
Den 31. Mäerz 2014 hunn d’Schüler vun eise verschiddenen Theater-Optiounen Theater gespillt, ënnert der Leedung vun de Professeren Françoise Christnach a Véronique Prim. Fir de musikaleschen Encadrement huet d’LJBM-Band ënnert der Direktioun vum Nadine Becker gesuergt. D’Fotoe gëtt et hei:
Den 30. Mee waren d’Schüler vun der Optioun “Theater” a vun der 6CM2 mat der Madame Prim an der Madame Christnach op Besuch am Groussen Theater an der Stad. Weider Fotoe gëtt et hei:
La section C de la classe de 3e du LJBM a effectué jeudi le 5 juin 2014 une excursion écologique dans la région du Bassin Minier. L’objectif de cette sortie était l’étude de la géologie et l’analyse des facteurs abiotiques et …
Den 2., 3. a 4. Juli 2014 hunn néng Steemetzer-Léierbouwen hir Ofschlossprüfung am Mamer Lycée gemaach. D’Prüfung huet am Ganzen 20 Stonne gedauert a bestanen aus engem schrëftlechen Deel, engem prakteschen Deel an zum Schluss engem Fachgespréich. D’Kandidaten hu misse …
De 24. Juni 2014 hunn d’Baufach-Klassen 00BA2 an 00DB1 ënner Begleedung vun hiren Enseignanten Anne-Marie Peller, Tun Hartmann a Paulo Da Silva en Ausfluch op Dikkrech gemaach. Um Programm stoung moies eng Visite guidée mam Här Roland Gaul am Militärmusee, …
Jeudi, le 26 juin 2014 eut lieu au Lycée Josy Barthel une remise de prix à des élèves méritants, en présence du directeur Claude Christnach. Les élèves honorés avaient été choisis parmi l’ensemble des élèves d’après leurs résultats scolaires et …
Och dëst Joer huet eise Lycée un der “Mission Nichrauchen”, orgsaniséiert vun der “Fondatation contre le cancer” deelgeholl. D’Shana Pauquet, d’Caroline Vandenhoeke an d’Juliette Hanff vun der 7ES1 hunn Artikele geschriwwen iwert d’Final op der Plëss. Klickt op d’Foto, fir …
Lëtzebuerg, repräsentéiert vun de sechs Finaliste vun der Lëtzebuerger Naturwëssenschafts-Olympiad (dorënner d’Daphne Prosser aus dem LJBM), huet sech op der EUSO (European Union Science Olympiade) zu Athen gutt geschloen: Eis Schüler kruten eng Sëlwer- an eng Bronzemedaill an hu Länner …