Vum Escape Room an den Naturmusée

Publié le 24/05/2024

D’Schüler vun der eiser 3CB hunn zesumme mat hirer Physik- an hirem Chimiesproff logescht Denken an Teamgeescht bewisen, andeem si d’Aufgaben an engem Escape Room souverän geléist hunn. No engem spaassege Moie goung et du weider an de Naturmusée, wou si sech am Kader vun der “Asteroid Mission” iwwer méiglech Asteroiden-Aschléi, d’Konsequenzen an d’Preventioun dovunner informéiert hunn. E bësse méi politesch ass et du beim Theema “Space Mining” ginn, zu deem d’Schüler ganz engagéiert hir Meenung matgedeelt hunn.

 

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes