Ronderëm de Séi an Aquathlon

Publié le 06/06/2024

De 16. Mee sinn 3 Schüler aus dem LJBM zu Iechternach ronderëm de Séi gelaf. ‍Ënnert 835 Schüler ass de Fabio op déi ganz gutt 54. Plaz komm, de Jim, deen nach 7ième-Schüler ass, ass de gudde 74. ginn, an de Luca huet et op déi 426. Plaz gepackt. Déi Woch drop huet den LJBM beim Aquathlon zu Réiden nach besser ofgeschnidden. De Felix ass bei de lizenzéierte Minimes den 2. ginn. An der selwechter Course ass de Maurice de 5. ginn, a bei de Juniore mat Lizenz ass de Jakub als 3. och op de Podium geklomm.
All d’Resultater kann een am Detail op www.lasel.lu noliesen.

 

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes