Projet COMENIUS: ‘School against racism’

Publié le 11/05/2014

Den LJBM mécht déi nächst zwee Joer bei engem neie Comenius-Projet mat, zesumme mat Partnerschoulen aus der Belsch, Spuenien, Polen an Däitschland. Dat éischt Treffen am Kader vun dësem Projet war vum 14. bis den 19. Oktober zu Baza a Spuenien. Fir den LJBM ware mat derbäi: d’Lily Palgen (4CM1), d’Laure Nilles (4CM1), d’Emma de Jonga (10PS) an de Kevin de Lima (3CM1). Si si begleedt gi vun der Mme Diederich a vum Här Schmitz. Um Programm stoungen divers Aktivitéiten am Kader vum Projet (Presentatioun an Analys vu sougenannte “Protest-Songs” géint Rassismus, Diskussiounen, d’Wiel vun engem Logo fir de Projet, Workshops, …) an och verschidde Visiten an Ausflich. D’Schüler hu während denen fënnef Deeg an enger spuenescher Famill gelieft an hu vill iwwer d’spuenesch Leit, hir Gewunnechten an hiert Land geléiert.

Dat nächst Treffen an dësem Projet gëtt vum LJBM organiséiert, an der Woch vum 13. bis den 18. Januar 2014. Duerno sinn dann nach dräi Treffen a Polen, Däitschland an an der Belsch virgesinn, am Laf vum Schouljoer 2014-2015. Wann s du Schüler am LJBM bass, tëscht 15 a 17 Joer hues, a Loscht hues fir och bei dësem Projet matzemaachen, da mell dech! Schéck eis eng email op comenius@ljbm.lu.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes