Presentatioun vun der FJSL

Publié le 12/12/2023

De 24.11. hu sech d’Schüler vun de Klasse 5G1S, 4GIG, 4G3S, 4GA3D1, 4GA3D2, 3GIG, 3GA3D, 3CB, 3CC an 2CC am Festsall vum Lycée Josy Barthel versammelt a krute vum Dr. Guillaume Trap, Koordinator vun der Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg (FJSL), e flotte Virtrag presentéiert. Den Här Trap huet gewisen, wéi ee schonns als Schüler de Gout fir d’Wëssenschaften iwwert wëssenschaftleche Phenomeener an Experimenter kréie kann a wéi dann den Intressi fir e wëssenschaftlecht Studium an e spéidere Beruff am Beräich vun den Natur- an Ingenieurswëssenschaften entstoe kann.

Schonn e puer Mol hu Schüler aus dem Lycée Josy Barthel hir flott Projeten am Kader vun dem Nationale Concours fir Jonk Fuerscher virgestallt, esou z. B. 2021 de Lucan Nooi (https://www.facebook.com/fjs.lux/posts/1046358056177618/), 2023 den Eymen Esmer zur Energiegewënnung beim Zufoussgoen (https://fjsl.lu/news/results) an de Kevin Freitas iwwer den Impakt vun AI op d’Gesellschaft (https://www.youtube.com/watch?v=II65XuNoHSQ)

Weider Informatiounen op: https://fjsl.lu/activities/njfcontest

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes