LIVING LIBRARIES: Véier Flüchtlingen erzielen aus hirem Liewen

Publié le 06/06/2016

Dënschdes den 22. Mäerz haten d’Schüler vun den Klassen 11eTG, 2eC, T3GC3 an T3GC4 d’Méiglechkeet, 4 Flüchtlingen kennenzeléiren, déi hei zu Lëtzebuerg Zouflucht fonnt hunn. Den Paul Galles vun YOUNG CARITAS huet den Projet LIVING LIBRARIES an d’Liewen geruff. Zil vun dësem Projet ass et de Léit déi hannert dem Begrëff “Flüchtling” stinn, ee Gesiicht ze ginn. No enger méi allgemenger Introduktioun an d’Thematik an der Presentatioun vun deenen 4 Gäscht aus Syrien, Kamerun an Erithrea, hunn sech 3 Gruppen gebilt, déi dann een vun den Temoignagen verfollegen konnten. Sou konnten di Jonk hir Geschichten nolauschteren déi vun hirer Heemecht, hiren Originen, hirer Kultur, de Grënn vun hirer Flucht an vun hirer Odyssee gehandelt hunn. Et konnt een gesinn, wei dës Temoignagen d’Schüler beréiert hunn. Vill vun hinnen hunn dono matgedeelt, datt si sech wëllen méi bewosst fir d’Solidaritéit an d’Integratioun vun de Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg asetzen. (Sandra Fratini)

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes