Eng 4. Plaz am Volleyball fir den LJBM
Publié le 07/12/2023En Donneschdeg, den 23.11., war LASEL Volleyball fir Cadets/Cadettes am AL an am LAML. Eis Ekipp ass an hirer Poule déi 2. ginn, an deemno hunn eis Schüler fir déi éischt Plaze gespillt. Um Enn ass eng 4. Plaz bei 20 Ekippen erauskomm. Merci un eis Spiller Anida, Julie, Leila, Victoria, Gabriel an Danis an en décke Bravo fir déi super Leeschtung!