“Energie tanken” am Scienteens Lab

Publié le 21/05/2024

De 14.5. waren d’Schüler vun eiser 4GIG mat hire Proffen aus de Sciencen an de Scienteens Lab vun der Uni Lëtzebuerg um Campus Lampertsbierg. Si hunn do un engem Workshop “Energie tanken” deelgeholl an eng Rei Experimenter duerchgefouert, fir méi iwwert Energiemanagement ze léieren. Et goung dobäi z. B. drëm, fir iwwert d’Pompele vu Waasser eng kleng Turbinn un d’Dréinen ze kréien an esou Elektrizitéit ze produzéieren. Duerno gouf et eng Course vu klengen Elektroautoen an e Spill iwwert d’Späichere vun Energie. Eis Schüler hunn deen Dag vill iwwert den Ëmgang mat Energie an eiser aktueller Klimakris geléiert.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes