Eise Schüler hire Musée am MUDAM

Publié le 17/05/2024

An Zesummenaarbecht mat dem Publics Departement aus dem Musée MUDAM schaffen eis Schüler aus de Klassen 2GA3D an 2C-URBS zënter der Ouschtervakanz ganz intensiv un der Entwécklung vun “hirem” Musée. Si beäntweren an dësem Projet d’Fro, wéi hire ganz perséinleche Musée géif ausgesinn, a stellen dësen duer, digital (2D an och 3D) an och als Maquette. Sie konnten am Kader vun dësem Projet d’Séil vum Mudam-Musée vu ganz no gesinn, a si mat dem Responsabele Bâtiment bis an d’Häerz vum Musée gaangen, do wou d’Technik, den Depot an d’Ateliere sech verstoppen. Et war fir si ganz spannend, dëst emol ze gesinn. Wien déi flott Aarbechte vun eise Schüler wëll gesinn, ass häerzlech invitéiert op de Vernissage: Dësen ass den 22. Mee ab 17:30 Auer am Mudam.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes