Eis 2e-Klassen am ScienteensLab

Publié le 16/07/2024

Als Ofschloss vum Joer sinn all eis 2C- an 2G-Klassen an de ScienteensLab gaangen. D‘Schüler konnte sech individuell fir 1 vun 3 Atelieren entscheeden: Solarzellen, Computer Science oder Kryptographie.
Am Solaratelier krute si erklärt, wéi e PN-Iwwergang funktionéiert a wéi eng Schwëllespannungen verschidde faarweg LED-Dioden hunn. Duerno huet jiddereen seng eege Solarzell gebaut a Stroum a Spannung gemooss, fir d’Leeschtung ze bestëmmen. Du gouf de Rendement vu Solarzellen an Ofhängegkeet vun der Temperatur ënnersicht.
Am Atelier „Computer Science“ kruten eis Schüler gewisen, wéi kënschtlech Intelligenze fonctionéieren, wéi se opgebaut ginn a wéi een se trainéiere kann. Un einfache Beispiller aus dem Alldag hu si sech selwer erschafft, wéi ee kann am klenge Kader eng kënschtlech Intelligenz programméieren. Ausserdeem hu si eng Rei vun diversen Applikatiounen aus dem Domaine vun der „Artificial Intelligence“ probéiert an hir eege Biller generéiert.
Am Kryptographie-Atelier kruten d‘Schüler als éischt en Abléck an d’Geschicht vun der Kryptographie. Duerno ass et da mat der Basis vun der Mathematik, der Division Euclidienne, virugaang. Ouni dës Operatioun wier u modern Kryptographie net ze denken. Dono hunn eis Schüler sech iwwert méi oder manner al Theorèmen un d‘RAS-Verschlësselung, eng hautdesdaags ganz heefeg Verschlësselung, erugetaascht. Zum Schluss hu si e Message selwer mat dëser Method verschlësselt an de Message vun enger anerer Grupp entschlësselt.
Insgesamt hunn eis Schüler vill Neies geléiert a si haten eng flott gemeinsam Zäit mat hiren Enseignanten.

 

 

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes