Den LJBM um EdFest

Publié le 13/05/2024

De 4. Mee war an de Rotonden déi 1. Ausgab vum EdFest, dem nationale Festival fir Schoulentwécklung. Dëst Event wëll virun allem nei Weeër an der pedagogescher Innovatioun opweisen – natierlech ware mir als LJBM hei och vertrueden, an dat als ee vu wéinege Lycéeën. Virgestalt hu mir ee vun eise ganz innovative Projeten, nämlech de Blended Learning. Den Här Falzani huet als Chef vun dësem Projet net nëmmen e spannende Pitch heiriwwer gehalen, mee stoung och de ganzen Dag iwwer allen Interesséierte Ried an Äntwert. E grousse Merci un d’Ekipp vum IFEN an un den Här Falzani fir dësen Asaz!
Am Kontext vum EdFest an eisem innovative “Blended Learning”-Projet ass an Zesummenaarbecht mam Institut de formation de l’Education nationale – IFEN och follgende flotte Video entstanen. Merci u jiddereen, deen dës super Aktioun méiglech gemaach huet!

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes