Den LJBM mécht mat bei der NWO

Publié le 04/12/2023
An eng weider Noriicht aus dem Beräich vun de Wëssenschaften: 227 Schüler aus 14 Klasse vum Lycée Josy Barthel hunn de 16.11. un der Qualifikatiounsronn vun der dësjäreger Lëtzebuerger Naturwëssenschaftsolympiad deelgeholl. Ze beäntwere ware Froen aus de Beräicher Biologie, Chimie a Physik, déi entweder direkt digital oder op Papeierform ausgewäert goufen. Déi bescht 75 Schüler vu landeswäit 2.677 Schüler, déi matgemaach hunn, wäerte Mëtt Dezember an d’Halleffinalle kommen. Déi europäesch Finale EOES (European Olympiad of Experimental Science; www.eoes24.lu) fënnt dëst Joer vum 7. bis de 14. Abrëll 2024 zu Lëtzebuerg statt.
Wie selwer eng Kéier säi Wëssen teste wëll, fënnt d’Froen hei: https://www.nwo.lu/
LJBM – “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.”
 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes