D’Villercher op der Schlammwiss entdecken

Publié le 24/10/2022

Den 12. Oktober sinn 2e- an 3e-Schüler aus der Optioun “Life Science” op d’Schlammwiss gefuer, fir do dat gréisste Schilfgebitt vum Land z’entdecken. Se kruten d’Beréngungsstatioun gewisen an Techniken, fir d’Villercher ze fänken a se direkt dono nees ze befreien. Et war fir jiddereen en eemolegt Erliefnis, sou vill verschidden a rar Villerchersaarten sou no kënnen ze gesinn. Souguer en Äisvugel war dobäi! Et goufen och e puer amerikanesch Flosskriibsen aus der Syr gefaangen an d’Thema “Neobioten” gouf dunn thematiséiert. Dono sinn d’Schüler nach d’Wasserbüffele kucke gaangen, déi säit engem Joer an dem Naturschutzgebitt op der Schlammwiss-Brill weeden. En décke Merci un den Här Eric Kraus vun der Fondatioun “Hëllef fir d’Natur” fir déi ausféierlech Erklärungen um Terrain.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes