Summa cum laude!

Publié le 23/05/2024

Vum 8. bis den 13. Mee konnt de Bryan A., Schüler vun der 2CLC, um renomméierten Iwwersetzungsconcours Certamen Ciceronianum Arpinas zu Arpino an Italien deelhuelen. No enger Qualifikatiounsronn am Januar huet de Bryan Lëtzebuerg bei dësem Event an Italien representéiert, dat zesumme mat engem Matschüler aus dem Kolléisch an engem Matschüler aus dem Lycée Aline Mayrisch. Bei dësem Concours, dee vun der ALPLG (Association luxembourgeoise des professeurs de latin et de grec) mat organiséiert gëtt, trieden 250 Latiniste bei enger Iwwersetzung vun engem laténgeschen Text vum bekannte réimesche Schrëftsteller an Affekot Cicero géinteneen un. Et ass déi éischte Kéier, wou e Schüler aus dem Lycée Josy Barthel sech fir dëse Concours qualifizéiert huet! Summa cum laude, Bryan!

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes