Seegelstage um Ijsselmeer

Publié le 10/05/2024

Vum 28. Abrëll bis den 3. Mee ware 25 Schüler aus de Klasse 5P, 5AD, CIP a COP um Ijsselmeer an Holland ënnerwee am Kader vum alljärege Seegelstage, organiséiert vun der Voie de Préparation an dem Service socio-éducatif. Dëst Joer hate si super Seegelwieder, de Wand huet si bis op Texel bruecht, fir de Schof Moien ze soen. D’Stëmmung war deementspriechend wonnerbar an et ass kengem schlecht ginn.