Ouschterbasar 2022

Publié le 25/04/2022
Eng sëlleg Schüler hu mat der Ënnerstëtzung vum Schülercomité an dem Däitschdepartement een Charity-Basar op d’Been gestallt, bei deem ganzer 2445 Euro zesummekomm sinn. Den Erléis aus enger Rei selwergemaachen Objeten a Schneekereien geet integral zugonschten vun engem Hëllefsprojet an der Ukrain. Mir bedanken eis häerzlech bei jidderengem, deen dës Aktioun erméiglecht huet.