OSNA-Stage am Mariendall

Publié le 22/04/2020

VIDEO: OSNA-TRAILER

Vum Donneschdeg, de 27. Februar bis e Freideg, den 28. Februar 2020 waren d’Klasse 5P1, 5P2, 5AD1, 5AD2 a CIP um OSnA-Stage (Op der Sich no enger Ausbildungsplaz) am Centre vum SNJ am Mariendall.

An Zesummenaarbecht mat der ALJ (Antennes locales pour jeunes) an den Orienteuren aus dem LJBM haten d’Schüler e breetgefächerte Programm offréiert kritt, fir si anhand vu Workshops, Presentatiounen an Diskussiounen op hir berufflech Zukunft ze preparéieren.

E grousse Merci geet u folgend Leit, déi duerch hir Presenz wesentlech zum Erfolleg vun dësen 2 Deeg bäigedroen hunn:

  • der Mme Astrid Pereira an dem M. Christian Cornette aus dem LJBM fir hir Presentatiouns-a Relaxatiounsatelieren, dem M. Gilles Seyler fir säin Theateratelier,
  • der Mme Mireille Hilgert vum KICHECHEF,
  • dem M. Florian Bocks vum BAUHAUS,
  • dem M. Patrick Marth vu BRUNATA METRONA,
  • dem M. Hans Mees zesumme mam Léierbouf Eric vu MERBAG,
  • an dem M. Joël Schons vu STUGALUX fir hir wäertvoll Beiträg, Erfarungen a Rotschléi aus der “realer” Beruffswelt.