Du, d’Natur an d’Wëssenschaft!
Publié le 29/03/2021De Lycée Josy Barthel Mamer – Du, d’Natur an d’Wëssenschaft…
Aus de Schüler vun der 2CC gi richteg Laboranten.
Si léieren den Ëmgang mam Sandwich-ELISA-Test. Dës Method erlaabt et, d’Presenz vu spezifeschen Antikierper nozeweisen, wéi z. B. beim SARS-CoV-2.
Wärend der Simulatioun hunn d’Solutioune mam Krankheetserreeger sech rosa gefierft an sou konnten d’Schüler erausfannen, wat fir e Patient infizéiert war.
![](https://ljbm.lu/wp-content/uploads/2021/03/DuNaturWessenschaft2.jpg)
![](https://ljbm.lu/wp-content/uploads/2021/03/DuNaturWessenschaft3.jpg)
![](https://ljbm.lu/wp-content/uploads/2021/03/DuNaturWessenschaft4.jpg)