Du, d’Natur an d’Wëssenschaft!
Publié le 29/03/2021De Lycée Josy Barthel Mamer – Du, d’Natur an d’Wëssenschaft…
Aus de Schüler vun der 2CC gi richteg Laboranten. Si léieren den Ëmgang mam Sandwich-ELISA-Test. Dës Method erlaabt et, d’Presenz vu spezifeschen Antikierper nozeweisen, wéi z. B. beim SARS-CoV-2.
Wärend der Simulatioun hunn d’Solutioune mam Krankheetserreeger sech rosa gefierft an sou konnten d’Schüler erausfannen, wat fir e Patient infizéiert war.