JOSY HELPS ! – THEATERSTÉCK KRIEG – STELL DIR VOR ER WÄRE HIER

Publié le 02/07/2017

Am Kader vun JOSY HELPS! haten zéng vun de Klassen aus dem LJBM e Freiden, den 27. Januar, d’Geleeëenheet, sech d’Theaterstéck “KRIEG – STELL DIR VOR ER WÄRE HIER” bei ons am Festsall unzekucken. D’Stéck baséiert um Buch vun der dänescher Autorin Janne Teller a gouf vum Jean Noesen (TNL) fir d’Bühn adaptéiert. Et handelt sech ëm en interessant Gedankenexperiment, wou d’Iddi duergestallt gëtt, wat da wär, wa Krich bei ons géing ausbriechen a mir Richtung Ägypten flüchten missten. D’Schüler haten esou d’Méiglechkeet, sech mat Begrëffer wei Heemecht, Krich, Flucht an Identitéit auserneen ze setzen. Sandra FRATINI – 01/2017 – Fotoen: André KARST