Fotoréckbléck op d’Diplomfeier

Publié le 22/07/2022
Hei e klenge Fotoréckbléck op d’Diplomfeier. 😃 Eng 100 Primaner vun eisen Ofschlossklassen 1CBC, 1C-COMED, 1C-URBS, 1GIG, 1GA3D an 1TPGC verloossen eis elo mat hirem Diplom am Grapp, deen si a Presenz vun der Madamm Closener, Deputéiert, an der Madamm Bruck vum MENJE, Commissaire du gouvernement, iwwerreecht kruten. Mir gratuléieren nach eemol fir déi super Resultater. 👏😊 E grousse Merci och un all déi Leit, déi dëse flotten Event organiséiert an encadréiert hunn. 👍