Eis 3C-Klassen an den Theater

Publié le 28/03/2024

Den 21.3. sinn d’Schüler vun de Klassen 3C-URBS, 3C-COMED, 3CB an 3CC mat der Madamm Carixas an der Madamm Gonçalves, hire Franséisch-Enseignanteën, an de Kinneksbond d’Theaterstéck Dom Juan vum Molière kucke gaange. D’Pièce war modern an d’Schüler ware frou, och mol e manner traditionellt Theaterstéck ze gesinn. Mat dëser 2. Opféierung am Kinneksbond an 3 Atelieren an der Schoul ass dann den Theaterprojet vun dësem 2. Trimester ofgeschloss.