E groussen Don vun der 4CCL1 fir AEIN

Publié le 22/07/2021

Virun der Summervakanz hunn d’Schüler vun der 4CCL-1 den Erléis vun hirem Klasseprojet un d’Associatioun Aide à l’Enfance de l’Inde iwwerreecht.
Duerch de Verkaf vun engem selwergemaachene Stickeralbum an de Stickeren, op deenen d’Gesiichter vu villen Enseignanten, Direktiounsmemberen a Memberen vum Personal vum LJBM ze gesi waren, konnte si ganzer 3205€ sammelen. Mat dëse Suen soll deenen Leit an Indien ënnert d’Ärem gegraff ginn, déi ganz besonnesch ënnert dem Covid 19 gelidden hunn. E grousse Merci u jiddereen, den sech un dëser Spendenaktioun bedeelegt huet!